Wëllkomm op der Internetsäit vu Primus – Nohëllef, Berodung a Coaching

Dir sicht als Famill eng schoulesch Nohëllef fir Äert Kand oder eng Ënnerstëtzung bei Froen iwwer léieren an iwwer d’Schoul am Allgemengen ?

Dir sicht als Schoul oder Ariichtung ee Partner fir Formatiounen, Elterenowenter, Workshops an aner Projet’en bei Ärer Elterenaarbecht ?

Iwwer eis

Primus – Nohëllef, Berodung & Coaching bitt nieft enger schoulescher Nohëllef am Enseignement fondamental esou wéi och fir all Lycéesklassen eng kompetent Léier- a Familljeberodung Doheem un.

Gären hëllefe mir de Schüler bei hiren schoulesche Schwieregkeete weider, ma donieft kenne mir jee no Demande a Besoin och ee spezifesche Léiercoaching fir d’Schüler respektiv eng individuell Elterenberodung offréieren.

Fir Schoulen, Maisons Relais an Foyers si mir e Partner bei der Organisatioun vun Elterenowenter, Coins Parents, Workshops fir Elteren, Formatioune fir d‘Personal an aneren Interventiounen déi jee no Demande kennen entwéckelt ginn.

Primus – Nohëllef, Berodung & Coaching huet eng laangjäreg Erfarung am sozialen a schoulesche Beräich zu Lëtzebuerg.

Fannt mat eis eng adaptéiert Léisung fir Är Situatioun a loosst Iech vun eise Servicer iwwerzeegen.

Kontaktéiert eis fir all weider Froen a fannt méi iwwer eis Servicer eraus.

PRIMUS

– e Partner fir de Schüler

– e Partner fir d’Famill

– e Partner fir Schoulen a Maisons Relais

– e Partner fir sozial Ariichtungen an Institutiounen

… mat eis e gudde Choix

Servicer

Dem Schüler bidde mir un:

– individuell Nohëllef an all Fach(Enseignement fondamental a post- primaire)

– flexibel Couren an der Schoulzäit,Weekends a wärend de Vakanzen

– Couren Doheem oder à distance

– Aarbechtsblieder mat Exercicer + Corrigé

– Hëllef bei der Verbesserung vun Uni‘s an Ofschlossaarbechten

– individuelle Léiercoaching

– schoulesche Motivatiounscoaching

– Erstellung vu Léier & Wochepläng Entwécklung vu CV’en a Motivatiounsbréiwer

De Famillje bidde mir un:

– Elterenberodung Doheem

 -Analyse vun der Léier-Situatioun Doheem

– Wéi léiere mir „richteg“ ?

– Léiercoaching a Workshops mat Léiertipps fir Elteren

– Ënnerstëtzung bei Bilan’s oder Orientéierungsgespréicher an der Schoul

– Jee no Wonsch vun der Famill Zesummenaarbecht mat de Schoulen an de  Maisons Relais vun de Kanner

– Reegelméissegen Austausch mat den Eltere fir d’Léierfortschrëtter vum Kand ze beschwätzen

– Austausch mam Léierpersonal iwwer d’Schoulesch Situatioun vum Kand

Fir Schoulen, Maison Relais an an aner Arrichtungen bidde mir un:

– Elterenowenter zu verschiddenen Themen

– Elterenecker mat Concertatiounen a Spriechstonnen zu verschiddenen Themen

– Workshops fir a mat Elteren

– Entwécklung vun individuelle Projet’en bei der Elterenaarbecht

– Ënnerstëtzung an der Hausaufgabensituatioun (fir Maisons Relais’en an Heemer)

– Ënnerstëtzung bei den Appui’s Stonnen(Hausaufgaben an der Schoul)

– Formations continues zu verschiddenen Themen 

(fir Maisons Relais’en, Crèchen a Foyers)

Eis Präisser vir Privat Persounen Prix HTVA
Nohëllef Doheem
29,90 €
Fiches de travail mat Exercicer a Verbesserung
12,00 €
Erstellung vu CV a Motivatiounsbréiwer
120,00 €
Verbesserung vun UNI’s an Ofschlossaarbechten
40,00 €
Coaching, Berodung & Concertatiounen an der Famill
80,00 €
+ Frais de route
Elterenowenter fir Schoulen an Ariichtungen
20,000 €
+ Frais de route
Eltrenecker mat Concertatiounen a Spriechstonnen
100,00 €
+ Frais de route
Workshops fir an mat Eltren
200,00 €
+ Frais de route
Wisou ass PRIMUS e gudde choix?

– Erfarungen am sozialen, éducativen a schoulesche Beräich zu Lëtzebuerg

– Erfarung am Heemberäich zu Lëtzebuerg

– Erfarungen an der systemescher Familljeberodung

– flexibel Couren, Coaching a Familljeberodung ouni Aschreiwungsfraise bei Iech Doheem

– Couren, Coachings  a Berodungen an der Woch, Weekends an Vakanzen (7j/7)

– 1 Formateur fir Äert Kand

– reegelméissege Suivi oder just „sur demande“

– keng kontraktlech Ofhängegkeet (Resiliatioun vun der Zesummenaarbecht ouni zousätzlech

Frais’en zu all Moment méiglech)

– Zesummenaarbecht mat Familljen,Schoulen, Heemer,Maison’s Relais an aner sozialen Ariichtungen

– gezielt Auswiel vun eise Formateuren (Erfarungen am Beräich vun der Nohëllef, Motivatioun,

Shopping Cart
0
    0
    Your Cart
    Your cart is emptyReturn to Shop