Gëff Formateur bei eis

Interesséiers du dech Formateur bei Primus ze ginn an Nohëllefsstonne fir Kanner a Studenten unzebidden ?
Hues du 18 Joer oder méi ?
Schwätz du fléissend Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch ? (all aner Sprooch ass e Virdeel)
Hues du Erfarungen am Beräich vun der Nohëllef a schaffs gär mat Kanner zesummen ?
Bass du flexibel, hëllefsbereet ?
Dann gëff deel vun eiser Ekipp a mell dech bei eis.
Mir bidden :
– Flexibel an eegen Andeelung vun denge Couren
– Individuell Ënnerstëtzung bei all denge Froen
– Tipps an Iddie fir mat de Kanner a Schüler ze schaffen
– eng interessant a fair Bezuelung
– d‘Meiglechkeeten als Formateur (gratis) un eisen Elterenowenter kennen deelzehuelen
– intern Workshops fir dech an denger Aarbecht als Formateur kennen ze entwéckelen.
Wanns du interesséiert bass da kontaktéier eis fir weider Informatiounen oder fëll direkt dëse Formulaire aus a mir wäerten eis bei dir mellen.