Eis Servicer
Primus – Nohëllef, Berodung & Coaching orientéiert sech mat senge Servicer um Schüler, un den Elteren souwéi de Schoulen, Maisons Relais a weider Ariichtungen.

– individuell Nohëllef an all Fach (Enseignement fondamental a post- primaire)
– flexibel Couren an der Schoulzäit, Weekends a wärend de Vakanzen
– Couren Doheem oder à distance
– Aarbechtsblieder mat Exercicer + Corrigé
– Hëllef bei der Verbesserung vun Uni‘s an Ofschlossaarbechten
– individuelle Léiercoaching
– schoulesche Motivatiounscoaching
– Erstellung vu Léier & Wochepläng
– Entwécklung vu CV’en a Motivatiounsbréiwer

– Elterenberodung Doheem
– Analyse vun der Léier-Situatioun Doheem
– Wéi léiere mir „richteg“ ?
– Léiercoaching a Workshops mat Léiertipps fir Elteren
– Ënnerstëtzung bei Bilan’s oder Orientéierungsgespréicher an der Schoul

– Jee no Wonsch vun der Famill Zesummenaarbecht mat de Schoulen an de Maisons Relais vun de Kanner
– Reegelméissegen Austausch mat den Eltere fir d’Léierfortschrëtter vum Kand ze beschwätzen
– Austausch mam Léierpersonal iwwer d’schoulesch Situatioun vum Kand


Fir Schoulen, Maisons Relais an aner Ariichtungen bidde mir un:
– Elterenowenter zu verschiddenen Themen
– Elterenecker mat Concertatiounen a Spriechstonnen zu verschiddenen Themen
– Workshops fir a mat Elteren
– Entwécklung vun individuelle Projet’en bei der Elterenaarbecht
– Ënnerstëtzung an der Hausaufgabensituatioun (fir Maisons Relais an Heemer)
– Ënnerstëtzung bei den Appui’s Stonnen (Hausaufgaben an der Schoul)
– Formations continues zu verschiddenen Themen (fir Maisons Relais, Crèchen a Foyers)
Primus, mat eis e gudde Choix