Eist Konzept

Primus – Nohëllef, Berodung & Coaching bitt méi wéi nëmmen Nohëllef un.
Dir braucht eng gezielt oder eng sporadesch Nohëllef fir Äert Kand ? Oder Dir sicht am Allgemengen eng Ënnerstëtzung fir d’Erausfuerderung vun der Schoul Doheem ze meeschteren ?
Dann si mir e flotte Partner.
Gegrënnt am Joer 2021 setze mir eis professionell Erfarungen am sozial- éducative souwéi am schoulesche Beräich respektiv der Heem- Erzéiung an, fir esou eng ëmfangräich Offer an Ënnerstëtzung unzebidden.
Duerch eis Nohëllefsstonne bidde mir de Kanner a Jugendlechen eng wäertvoll Ënnerstëtzung bei allen schoulesche Schwieregkeeten an duerch erléiert Approchen an der systemescher Familljeberodung bidde mir de Familljen zousätzlech d’Méiglechkeet op eng Berodung an ee Léiercoaching fir Grouss a Kleng Doheem.
Eng einfach Nohëllef déi sech un d’Kand an un de Schüler riicht gëtt an eisem Konzept duerch eis individuell Offer erweidert wou mir och de Familljen Doheem eng Ënnerstëtzung erméiglechen.
Duerch d’Méiglechkeet déi schoulesch Situatioun vun Ärem Kand ze analyséiere kenne mir Ärem Kand eng Hëllef ubidden déi senger individueller Situatioun ugepasst ass.
Och d’Elteren an d’Famillje kenne mir mat perséinleche Berodungen ënnerstëtzen an de Wee vun der schoulescher Reussite zesumme mat Iech goen.
Wéi léiert mäi Kand richteg Doheem ? Wéi kann ech mäi Kand fir d’Schoul motivéieren ? Wisou zerstreide mir eis als Eltere mat eise Kanner soubal et em d’Schoul geet ? Wéi behalen ech als Elterendeel den Iwwerbléck, d’Gedold a wien seet mir op ech als Elterendeel alles richteg maachen ?
All dëst si Froen an deene mir Iech duerch eenzel Concertatiounen, Berodungen, Coachings a souguer eege Workshops ënnerstëtze kënnen.
Kontaktéiert eis fir weider Informatiounen a maacht en éischte RDV mat eis aus. Op fir Nohëllef oder eng familiär Berodung.
Primus – Nohëllef, Berodung & Coaching ass méi wéi nëmmen eng Telefonsnummer.
Mir sinn een authentesche Service fir unzepaken, eng Hëllef, eng Ënnerstëtzung an e Partner bei Äre Froen.
Primus ,mat eis e gudde Choix